Dosya:Daniel Davisse, Journée mémoire Holocauste, Esch-sur-Alzette-102.jpg

Tam çözünürlük((1.292 × 1.496 piksel, dosya boyutu: 1,09 MB, MIME tipi: image/jpeg))


Özet

Açıklama
Lëtzebuergesch: Um Virowend vum 27. Januar 2016, der Journée de la mémoire de l'Holocauste et de la prévention des crimes contre l'humanité, hat d'Stad Esch, zesumme mat der Communauté israélite d'Esch-sur-Alzette, der asbl MemoShoah Lëtzebuerg an dem Resistenzmusée zu enger Manifestatioun op der Place de la Synagogue, do wou bis 1941 d'Escher Synagog stoung, opgeruff. Der feierlecher Zeremonie hunn niewent der Escher Bevëlkerung Vertrieder vun den Ambassaden, de Chamberspresident Mars Di Bartolomeo, de Justizminister Félix Braz, Deputéiert, Membere vum Gemengen- a Schäfferot a soss Vertrieder vun der Zivilgesellschaft beigewunnt.
D'Riede goufe vum Robi Wolf, President vun der lokaler jüddescher Communautéit, dem Frank Schroeder, Direkter vum Resistenzmusée, dem Daniel Davisse, en Holocaust-Iwwerliewenden deen a Frankräich verstoppt war, dem Escher Rabbiner Alexander Grodensky an der Buergermeeschtesch Vera Spautz gehalen.
Ënner der Direktioun vun der Isabelle Braun huet d'Jugendchorale vum Escher Conservatoire fir d'musikalesch Einlag gesuergt.
De Groussrabbiner Alain Nacache huet den El Maleh Rachamim an de Kaddish rezitéiert. No enger Gedenkminutt goufe Käerze beim Memorial deposéiert.
  • Den Daniel Davisse bei senger Usprooch.

Den Daniel Davisse, 1938 als Daniel Herz zu Hamburg gebuer, koum am Januar 1939 op Esch wéi seng Elteren, Walter Herz an Irma Meyer aus Däitschland geflücht sinn an zu Lëtzebuerg op e Visa fir d'USA gewaart hunn. De geléierte Theolog Walter Herz huet dunn an der Escher Synagog als Ministre officiant an Hazzan gewierkt, bis d'Famill am Mee 1940 huet misse vrum däitschen Envahisseur flüchten. Se goufen zu Aix-en-Provence am Camp des Milles an der Zone libre internéiert. 1942 hu seng Elteren dunn decidéiert hire klenge Bouf an d'Famill Davisse zu Marseille ze ginn - an eng atheistesch a fräimauresch Famill, wéi den Davisse haut ironesch bemierkt. Kuerz drop goufen de Walter an d'Irma Herz-Meyer vun der Vichy-Regierung un d'Nazien ausgeliwwert, se koumen an de Camp vun Drancy an vun do aus, de 16. September 1942 mam Convoi Nr 33, an d'KZ Auschwitz-Birkenau, wou se den 21. September 1942 ëmbruecht goufen. Zu Schmelz bei Saarlouis erënnert e Stolpersteen un de Walter Herz.
Den Daniel Davisse huet de Krich a senger Adoptivfamill, déi an der Resistenz aktiv war, iwwerlieft. An den 1980er Joere, ënner der Presidentschaft vum François Mitterand gouf hie Chef de cabinet vum deemolegen Transportminister Charles Fiterman. 1986 gouf hien an de Gemengerot vu Choisy-le-Roi gewielt a war do Buergermeeschter vun 1996 bis 2014.

Op der Sich no de Spuere vu senge biologeschen Elteren zu Lëtzebuerg gouf hie vum Paul Dostert (Centre de documentation et de recherche sur la Résistance) a vum Henri Juda (MemoShoah Lëtzebuerg) ënnerstëtzt. Zu Esch huet den Daniel Davisse d'Synagog an de Resistenzmusée besicht a gouf vun der Buergermeeschtesch Vera Spautz op der Gemeng empfaangen.
Tarih
Kaynak Yükleyenin kendi çalışması
Yazar Jwh
Kamera pozisyonu49° 29′ 43,68″ K, 5° 58′ 50,98″ D Kartographer map based on OpenStreetMap.Bu ve diğer görüntülerin konumlarını şurada belirle: OpenStreetMapinfo

Lisanslama

Jwh at Wikipedia Luxembourg, bu işin telif sahibi, burada işi aşağıdaki lisans altında yayımlıyor:
w:tr:Creative Commons
atıf benzer paylaşım
Bu dosya, Creative Commons Atıf-Benzer Paylaşım 3.0 Lüksemburg lisansı ile lisanslanmıştır.
Şu seçeneklerde özgürsünüz:
  • paylaşım – eser paylaşımı, dağıtımı ve iletimi
  • içeriği değiştirip uyarlama – eser adaptasyonu
Aşağıdaki koşullar geçerli olacaktır:
  • atıf – Esere yazar veya lisans sahibi tarafından belirtilen (ancak sizi ya da eseri kullanımınızı desteklediklerini ileri sürmeyecek bir) şekilde atıfta bulunmalısınız.
  • benzer paylaşım – Maddeyi yeniden karıştırır, dönüştürür veya inşa ederseniz, katkılarınızı orijinal olarak aynı veya uyumlu lisans altında dağıtmanız gerekir.
 
This photograph was taken with a Nikon D300
Personality rights Bu çalışma özgür lisans ya da kamu malı olmasına rağmen kişi(ler) çalışma üzerinde hak iddia edebilir. Bu hak gerekli izinler olmadan yasal kullanımı sınırlar. Bu durum örnek bir izin ya da ihlal iddiasını çürütecek bir kanıt gerektirir. Çalışmayı yükleyen kişi -zorunda olmasa da- bu tür bir kanıtı bulmanız için yardımcı olabilir. Ayrıntılı bilgi için genel ret sayfamızı inceleyin.

Altyazılar

Bu dosyanın temsil ettiği şeyin tek satırlık açıklamasını ekleyin.

Bu dosyada gösterilen öğeler

betimlenen

49°29'43.681"N, 5°58'50.981"E

26 Ocak 2016

Dosya geçmişi

Dosyanın herhangi bir zamandaki hâli için ilgili tarih/saat kısmına tıklayın.

Tarih/SaatKüçük resimBoyutlarKullanıcıYorum
güncel14.49, 30 Ocak 201614.49, 30 Ocak 2016 tarihindeki sürümün küçültülmüş hâli1.292 × 1.496 (1,09 MB)JwhVicuñaUploader 1.23

Bu görüntü dosyasına bağlantısı olan sayfalar:

Küresel dosya kullanımı

Aşağıdaki diğer vikiler bu dosyayı kullanır:

Meta veri